Vum Club Senior "Schwaarze Wee" am Diddelenger Haus fir Senioren - Janvier Février - Luxsenior
←
→
Transcription du contenu de la page
Si votre navigateur ne rend pas la page correctement, lisez s'il vous plaît le contenu de la page ci-dessous
Wanterprogramm vum Club Senior „Schwaarze Wee“ am Diddelenger Haus fir Senioren Januar Janvier Februar Février Mäerz Mars
Diddelenger Haus fir Senioren asbl Club Senior ,,Schwaarze Wee’’ Résidence Liberté 48, rue de la Libération L-3511 Dudelange Tél: 26 51 55 - 1 Fax: 26 51 55 - 33 GSM: 621 50 16 86 E-mail: schwaarzewee@clubsenior.lu Dir fannt eis lo och ënnert : Club Senior Schwaarze Wee op Den Accueil ass op / l’accueil est ouvert Méindes, Mëttwochs a Freides / lundi, mercredi et vendredi 09:00 - 12:00 et 14:00 - 17:00 Fir weider Informatiounen ruft eis un, w.e.g. D’Kaffisstuff ass op: la cafétéria est ouverte: Mëttwochs a Freides / mercredi et vendredi 14:30 – 17:30 an fir all regelméisseg Aktivitéiten am Sall. Eis Teilnahmebedingungen kënnt Dir zu jidder Zäit bei eis am Bureau ufroen. Vous pouvez demander notre règlement interne au Club Senior „Schwaarze Wee“. Eis Kontosnummeren / nos numéros de comptes Diddelenger Haus fir Senioren asbl CCPL: IBAN LU75 1111 2111 2048 0000 BCEE: IBAN LU70 0019 1755 5628 3000 Impression: Imprimerie Heintz - Pétange / Agrément ministériel PA/03/05/031 2
Mir si fir Iech do - à votre service (l.n.r.) Viviane Lang-Hirschler; Michèle Dormal; Jeanne Rubbini- Kohl; Sonia Cruciani-Hoss; Peggy Klein-Bellegante; Sylviane Figueiredo; Astrid Hansen-Schintgen; (sëtzen l.n.r.) Patricia Meyer-Bras; Nathalie Pignolo-Weber. Profitéiert vun eisem Minibustransport Bei verschidden Aktivitéiten bei eis am Club Senior, proposéiere mir Iech e Minibustransport: Mir kommen Iech zu Diddeleng heem sichen a bréngen Iech och erëm zeréck. Umeldung w.e.g. bis 2 Deeg virum Datum. Profitez de notre Transport en minibus Pour certaines activités au sein du Club Senior nous vous proposons notre service de transport entre votre domicile à Dudelange et le Club Senior. Veuillez vous inscrire jusqu’à deux jours avant l’activité. 3
SOMMAIRE EIS AKTIVITÉITEN - Neijoerspatt - Pot de Nouvel An 10 - Film-Nomëtteg 10 - Foto Réckbleck 2019 11 - Bingo Nomëtteg 11 - Atelier: Bijouen 12 - Cours: Gospelgesang 13 - Visitt: CIPA Résidence op der Waassertrap 14 - Shopping: Center Cloche d’Or 15 - Verwinn Nomëtteg 16 - Erzielt Dir gären Geschichten ? 17 - Mëttesdësch: Crêpes froment et sarrasin 18 - Expo Konscht-Treff 19 - Visitt: Science-Center 20 - Liddernomëtteg 21 - Keele spillen 22 - Mëttesdësch: Filet de hareng 23 - Ausfluch:Festival des migrations 24 - Visitt: National Bibliothéik Lëtzebuerg 25 - Ausfluch: Springbreak 26 - Shopping: IKEA Arlon 27 - Mëttesdësch: Aligot 28 - Konferenz: Ma volonté en fin de vie 29 - Benevolen aktiv: Programmzeitung 30 - Visitt: Laboratoire National de Santé 30 - Éischthëllefscours fir Grousselteren 31 - Ausfluch: Ouschtermaart Sankt Wendel 32 - Réckbleck 40-43 - Musical: BODYGUARD 44 4
SOMMAIRE EIS AKTIVITÉITEN - Pilates 33 - Gediechtnes Training 34 - Rhythmesch Handübungen 34 - Philosophiekrees 35 - Danz-Treff 36 - Gym Douce 36 - Aqua Gym 37 - Zumba Gold 37 - Tai-Chi 38 - Seniore Yoga 38 - Konscht-Treff 39 - Pétanque 39 5
Editorial Le Club Senior «Schwaarze Wee» fait partie de la vie communale de Dudelange depuis entretemps 16 années. Plus que 2’000 clients – seniors ont déjà participé aux activités multiples pour garder la forme. Bien que les frais du personnel et du fonctionnement soient financés par une convention entre l’asbl, la Commune et le Ministère de la Famille, les recettes des cartes membres et des dons sont importants pour supporter nos efforts de minimiser les prix de la cafeteria et des activités. Ainsi toute la palette de l’offre du Club Senior reste accessible à tous les citoyens. Actuellement l’asbl «Diddelenger Haus fir Senioren» compte plus que 500 membres. Depuis l’année 2009, le prix de la carte membre donateur était resté à 9 €. Pour l’année 2020 l’Assemblée Générale a décidé de fixer la cotisation à 15 € par année, afin d’adapter le tarif à pratiquement tous les Club Seniors du pays. Vous pouvez les virer ou bien payer cash au bureau du Club Senior. Je vous remercie d’avance pour votre soutien précieux et je vous souhaite de nombreux moments agréables aux activités de votre Club Senior «Schwaarze Wee». René Manderscheid Président Le logo «handicapés» inclus auprès de certaines excursions au programme d’activités, signifie que l’endroit de l’excursion est accessible plain-pied, tous les lieux et les WC sont soit situés au même niveau, soit accessibles en ascenseur. Malheureusement, notre Minibus n’est pas équipé pour le transport de personnes en chaise roulante. 6
Editorial Zanter 16 Joer gëtt et de Club Senior «Schwaarze Wee» an en ass aus dem Gemengeliewe vun Diddeleng net méi ewech ze denken. Iwwer 2’000 eeler Clients hu mëttlerweil scho bei de ville proposéierten Aktivitéite matgemaach a sech sou fit gehalen. Wann op der enger Säit d’Personal grad wéi déi gängeg Käschte vum Club Senior duerch eng Konventioun mat der Gemeng Diddeleng a mam Ministère de la Famille finanzéiert ginn, sou sinn op der anerer Säit äre Beitrag an är Dons wichteg fir d’ Präisser an der Kaffisstuff grad wéi fir all Aktivitéite kënnen sou niddreg wéi méiglech ze halen a sou fir all Matbierger zougänglech ze bleiwen. De Moment zielt d’ASBL «Diddelenger Haus fir Senioren» ronn 500 Memberen. Nodeems de Präis vun der «Carte Membre Donateur» zanter 2009 op 9 € bliwwe war, huet d’Assemblée Générale fir d’Joer 2020 de Präis op 15 € d’Joer festgesat, fir sou mat de meeschte Club Senioren zu Lëtzebuerg gläich ze zéien. Dir kënnt se iwwerweisen oder am Büro vum Club Senior cash bezuelen. Ech soen Iech am Viraus Merci fir är Ënnerstëtzung a wënschen Iech och am neie Joer vill Freed bei de flotten Aktivitéite vun ärem Club Senior «Schwaarze Wee». René Manderscheid Präsident De Logo «behënnertegerecht» dee mir an eis Programmzeitung bei verschidden Aktivitéiten setzen, heescht just datt déi Plaz wou mir den Ausfluch maachen, de Restaurant an d’Toilette, ouni Trapen oder gréisser Steigungen ass. Leider ass eise Minibus nët équipéiert fir eng Persoun, déi fest am Rollstull sëtze muss, matzehuelen. 7
De Club Senior wär frou nach en etlech Benevolen begeeschteren ze kënnen. Et get vill Méiglechkeeten: - ee Virtrag halen oder Photos/Film weisen iwwert en interessant Thema. - ee reegelméissege Cours vun äre ganz spezielle, perséinleche Fäegkeeten ubidden. - am Service an der Cafeteria, bei Fester a bei Mëttesdëscher eng Hand mat upaken. - eis Programmzeitungen an aner Reklammen vum Club Senior an Diddeleng ausdroen. Mir brauchen Iech! Zéckt net, mellt Iech! Merci Devenez Bénévole pour votre Club Senior: - Soit en tenant une conférence ou montrer vos propres films ou photos intéressantes. - Soit en faisant profiter le public de vos capacités et savoir spécifiques sous forme de cours. - Soit en aidant au service en cafétéria, en cuisine et lors des fêtes. - Soit en préparant et en distribuant nos brochures et diverses publicités à Dudelange. N’hésitez pas à venir nous supporter ! Merci Fotos von Teilnehmern an Aktivitäten können von uns zur Veröffentlichung in unserer Programmzeitung oder anderen Medien genutzt werden. Sollten Sie damit nicht einverstanden sein, bitten wir Sie, uns das schriftlich mitzuteilen. Les photos de participants aux activités sont susceptibles d’être publiées dans notre programme d’activités et autres médias. Si vous ne permettez pas la publication de votre photo, veuillez nous en informer par écrit. 8
D’Memberskaarten 2020 Les cartes membre 2020 Gitt Member bei eis am Club Senior, da kritt Dir eisen Aktivitéitsprogramm heem geschéckt. Dir kënnt äre Bäitrag vun 15 € an de Club Senior bezuele kommen oder Dir iwwerweist d’Suen w.e.g. mam Vermierk ~Numm, ~Adress, membre donateur 2020 op ee vun eise Konten. Devenez membre et recevez régulièrement notre programme d’activités. Nous tenons à votre disposition les cartes membre 2020 au prix de 15€. Veuillez passer au bureau ou bien faire un virement avec la communication ~nom, ~adresse, membre donateur 2020 sur un de nos comptes bancaires. “Diddelenger Haus fir Senioren“ asbl: CCPL: IBAN LU75 1111 2111 2048 0000 BCEE: IBAN LU70 0019 1755 5628 3000 9
Neijoerspatt - Pot de Nouvel An Mir invitéieen Iech ganz häerzlech fir mat eis op dat neit Joer un ze stoussen. Nous vous invitons chaleureusement à notre pot du Nouvel An Mëttwochs / Mercredi 15/01/2020 15:00 - Club Senior Minibus: 3€ Film-Nomëtteg - Après-midi de film Den Här Ramon François weist eis selwer gedréite Filmer, am Club Senior. Monsieur Ramon François nous présente ses films au Club Senior. Mëttwochs / Mercredi 22/01/2020 - Umeldeschluss: 20/01/2020 14:00 - Club Senior 04/03/2020 - Umeldeschluss: 02/03/2020 15:00 - Club Senior Minibus: 3€ 10
Fotoen: Réckbleck 2019 - Souvenirs 2019 Mir weisen Iech e flotte Fotoréckbleck vum Joer 2019 mat all de Fotoen vun eisen Aktivitéiten auswäerts an am Club Senior. Kommt bei eis an d’ Kaffisstuff an kuckt Iech se gemittlech bei Kaffi a Kuch un. Fir 1€ d’Stéck kënnt Dir Iech är Liblingsfoto nobestellen. E puer Beispiller sinn op de Säiten 40 bis 43 ze gesinn. Présentation de toutes les photos de l’année 2019. Commandez vos photos préférées pour 1 € par photo. Freides / Vendredi 24/01/2020 15:00 - Club Senior Minibus: 3€ Bingo Nomëtteg Après-midi Bingo Kommt spillt mat eis Bingo, all Gewënner kritt eng kleng Iwwerraschung. Venez jouer une partie de Bingo, chaque gagnant aura une petite surprise. Natierlech ass eis Kaffisstuff och fir Iech op. Notre cafétéria sera également ouverte. Freides / Vendredi 31/01/2020 - Umeldeschluss: 29/01/2020 15:00 - Club Senior 11
Atelier: Bijouen An dësem Atelier kennt Dir ärer Phantasie freie Laf loossen. Egal op Ketten, Bracelet oder Ouerréng, zaubert är Kreatioune selwer. Mir stellen Iech vill verschidde Steng a Pärelen ewéi Lava, Lotus oder och Amethysten zur Verfügung. Äre Schmuck kennt Dir selbstverständlech dono mat heem huelen. Den Atelier gëtt vun der Madamm Sabrina Alfieri geleet. Dans cet atelier vous pouvez être créatifs sans limites, peu importe collier, bracelet ou boucles d’oreilles, vous pouvez créer vos propres bijoux. Nous fournissons des pierres et des perles de qualité comme par exemple la lava, l’améthyste ou le lotus. Vous pouvez bien sûr emporter votre bijou à la fin de l’atelier. L’atelier est organisé par Madame Sabrina Alfieri. Mëttwochs / Mercredi 29/01/2020 - Umeldeschluss: 27/01/2020 14:30 - Club Senior Präis: Tëschent 12 a 35€ jee no Bijou Entre 12 et 35€ selon le bijou 12
Cours: Gospelgesang - Chant Gospel Fais de ta plainte un chant d’amour pour ne plus savoir que tu souffres (proverbe Touareg) De Gospel Gesang ass an Nordamerika entstane wéi Schwaarzafrikaner als Sklaven dohi verschleeft gi si fir an onwürdege Konditiounen ze schaffen. Dës Lidder waren e Ventil fir hir Gefiller, se stounge fir Trauer, Verzweiwlung awer och fir Hoffnung a souguer Freed. Wann dës Gesangsrichtung Iech interesséiert, da kommt mat eis Gospel sangen, ënner der Leedung vun der Madamm Annie Saulier. Dëst ass e Cours vu 5 Seancen. Eng Parti Lidder sinn op Englesch, ma och dat léisst sech spilleresch léieren, et geet bal ganz vum selwen. Loosst Iech dovun net ofhalen. Le chant Gospel s’est développé en Amérique du nord quand les africains y ont été déporté comme esclaves où ils ont dû travailler sous des conditions inhumaines. Les chants, qu’ils ont imaginés, parlaient de leurs souffrances, mais aussi de leurs espoirs et joies. Rejoignez-nous pour apprendre ces chants sous la direction de Madame Annie Saulier. Même si certains textes sont en langue anglaise, ne vous laissez pas décourager, cela s’apprend facilement. Ceci est un cours de 5 scéances. Mëttwochs / Mercredi - Umeldeschluss: 22/01/2020 29/01/2020 05/02/2020 26/02/2020 04/03/2020 25/03/2020 17:00 - Club Senior Präis: 25€ de ganze Cours/ le cours complet 13
Visitt - Visite guidée: CIPA Résidence op der Waassertrap D’ CIPA Residence Dickskopp ass am Joer 1983 opgaangen. De 16 Juli 2012 huet eng nei Ära ugefaangen, en neien Numm ass entstanen „CIPA Residence op der Waassertrap”, dëst mat hirem neie Standuert Belval zu Bieles. Di nei Gebailechkeete leie matten am Gréngen an enger roueger Géigend, verbonne mat engem Park, deen op flott Spadséiergäng alued. Mir kréien eng Visitt guidée u’gebueden, an iessen dono zesummen op der Platz. Le CIPA Résidence Dickskopp a ouvert ses portes en 1983. Le 16 juillet 2012 une ère nouvelle a commencé, avec une nouvelle dénomination "CIPA Résidence Op der Waassertrap" et un déménagement au nouveau site Belval à Belvaux. Situé dans un cadre tranquille et verdoyant, l’établissement jouit également d’un joli parc bien aménagé, qui vous invite à faire de petites promenades. Nous allons avoir une visite guidée et prendrons le déjeuner dans leur restaurant. Mëttwochs / Mercredi 05/02/2020 - Umeldeschluss: 30/01/2020 09:20 - Club Senior Präis: 15€ Minibus - Begleedung - Visitt 14
Shopping: Shopping Center Cloche d’Or Dir sidd virwëtzeg wei et an deem groussen neie “Shopping Zenter op der Cloche d' Or” ausgesäit? Da kommt mellt Iech bei eis un, mir bréngen Iech bequem mam Minibus dohin. Gemittlech iesse mir an engem Restaurant op der Platz an huelen eis Zäit, fir a Rou an déi vill Geschäfter eran ze luussen. Vous n’avez pas encore visité le nouveau «Shopping Center Cloche d’Or» à Luxembourg? Venez donc avec nous, nous y irons en Minibus. Tranquillement, nous prendrons le déjeuner dans un des restaurants sur place. Ensuite vous aurez le temps de faire des achats ou juste flâner dans les nombreux boutiques et magasins. Freides / Vendredi 07/02/2020 - Umeldeschluss: 04/02/2020 10:00 - Club Senior Präis: 15€ - Minibus - Begleedung 15
Verwinn Nomëtteg- Après-midi coiffure Et kann een net all Dag bei de Coiffer goen, an awer wëll een gefleegt ausgesinn. Dofir kommt bei eis lanscht, eist Sylviane beréit Iech gären . Hat huet Coifferserfahrung a weist Iech e puer Methode wei ee sech selwer schnell a gutt coifféiert kritt. Et ginn och 4 Damme gebraucht déi sech als Modell kënnen zur Verfügung stellen. Kommt kucken, et lount sech ! Même si personne ne peut aller chez le coiffeur tous les jours, chacun a envie d’être bien coiffé. Avec son expérience de coiffeuse, Sylviane vous montre différentes façons de vous coiffer vous - mêmes rapidement. Si vous avez envie de lui servir comme modèle, veuillez vous inscrire. Sinon, venez profiter de la présentation. Méindes / Lundi 10/02/2020 - Umeldeschluss: 05/02/2020 15:00 - Club Senior Präis: 3€ Minibus: 3€ 16
Erzielt Dir gären Geschichten ? Aimez-vous raconter des histoires ? Dir sidd iwwer 50 Joer jonk an un enger gratis Formatioun interesséiert, wou Dir léiert Geschichte richteg flott virzeliesen? Mir siche Léit, déi Spaass drun hunn a Schoulen oder an der Bibliothéik, z.B. zu Diddeleng, de Kanner vu 3 bis 8 Joer Geschichten an hirer Mammesprooch ze zielen. Fir dës Formatioun fuere mir mat Iech op Izeg an den Service RBS. Vous avez 50 ans et plus et vous aimeriez faire découvrir des histoires dans votre langue maternelle à des enfants ? Alors participez à notre projet « Raconte-moi une histoire » qui favorise l'épanouissement des enfants en leur faisant découvrir une histoire, une langue et une autre culture, tout en tissant des liens intergénérationnels. Nous cherchons des adultes intéressés à raconter des histoires à des enfants âgés de 3 à 8 ans, en écoles ou en bibliothèques, entre autres à Dudelange. Le service RBS offre une formation gratuite à toute personne qui désire s’initier à l’art de conter à haute voix aux enfants. Toutes les langues sont les bienvenues ! Mëttwochs / Mercredi 12/02/2020 - Umeldeschluss: 07/02/2020 13:00 - Club Senior 14:00 - RBS Center fir Altersfroen, 20, rue de Contern - L-5955 Itzig Minibus: 10€ 17
Mëttesdësch - Repas de midi Paangecher aus Weess a Wëllkarmiel Crêpes froment et sarrasin D’Madamm Françoise Poudevigne-Crechriou bréngt eis e Stéck vun hirer Heemecht, der Bretagne, op den Dësch. Madame Françoise Poudevigne-Crechriou nous présente une spécialité de sa région, la Bretagne. Si zerwéiert Iech eng Variatioun vun salzegen a séisse Paangecher aus Weess a Wëllkarmiel. Vun der Ham, iwwert de Saumon oder de karamelliséierten Äppel an dem Schockelasbotter ass alles dobäi. Les crêpes de froment et les galettes de sarrasin évoquent une tradition séculaire mais hors du temps. Faire sauter les crêpes ou les galettes déchaine l’hilarité dans la famille. Mëttwochs / Mercredi 12/02/2020 - Umeldeschluss: 05/02/2020 11:30 - Club Senior Präis: 15€ Minibus: 3€ 18
Expo Konscht-Treff Expo des Artistes No 16 treie Jore mat flotter kreativer Aarbecht seet eise Konscht-Treff Äddi. Vir Iech en leschten Abléck an hir flott Aarbecht ze gënnen, stellen si hir Konschtwierker nach emol am Club Senior aus. De Vernissage ass den 12. Februar 2020 um 15:00 Auer. D’Ausstellung ass vum 12. Februar bis den 18. Mäerz ze gesinn. Après 16 ans de travail artistique au sein du Club Senior, nos artistes nous disent au revoir. Pour vous donner un aperçu de leurs œuvres, une dernière exposition est prévue. Le vernissage sera le 12 février 2020 à 15 :00 heures. L’exposition est à voir du 12 février au 18 mars 2020 au Club Senior. Mëttwochs / Mercredi 12/02/2020 - Umeldeschluss: 07/02/2020 15:00 - Club Senior 19
Visitt - Visite: Science-Center Am Science-Center zu Déifferdeng tauche mer an di faszinéierend Welt vun der Wëssenschaft an. Mir kënnen iwwert méi wéi 60 Statioune ronderëm experimentéieren an entdecken. Dono kréie mer eng Show mam Thema: Magnetismus….. Fir ofzeschléisse gi mer eis nach gemittlech an d’Cafeteria stäerken. Le science-center de Differdange nous permet de plonger dans le monde des sciences et technologies. À plus de 60 stations, nous pouvons expérimenter et découvrir à notre guise. Après cela nous aurons un show sur le thème du magnétisme…… Pour clôturer nous passerons nous désaltérer à la cafeteria. Donneschdes / Jeudi 13/02/2020 - Umeldeschluss: 07/02/2020 13:00 - Club Senior 14:00 - Science-Center Differdange Minibus: 10€ oder privat Auto Präis: 15€ - Entrée - Show - Begleedung BODYGUARD DAS MUSICAL 20/02/2020 Voir page 44 20
Lidder-Nomëtteg Après-midi de chansons D’Madamm Annie Saulier séngt mat Iech an begleet Iech och um Piano an wéi ëmmer ass den Här Johny Thiel op der Mandolinn dobäi. An eiser Cafeteria zerwéiere mir Iech gutt hausmaacher Eisekuchen a Gedrénks. Dës Kéier invitéieren mir och erëm d’Sänger vun dem Gesangsgrupp vum Déifferdenger Club Senior «Prënzebierg» an vum Sangtreff vum Rëmelenger Club Senior «Sauerwisen» op eisen Liddernomëtteg op Diddeleng. Venez passer un joyeux après-midi de chansons chez nous au Club Senior et dégustez nos gaufres faites maison. Madame Annie Saulier chantera avec vous et vous accompagnera au Piano, Monsieur Johny Thiel nous rejoindra avec sa Mandoline. Meindes / Lundi 24/02/2020 - Umeldeschluss 21/02/2020 06/04/2020 - Umeldeschluss 03/04/2020 15:00 - Club Senior Minibus: 3€ 21
Keele spillen - Jeu de quilles Mir sinn all keng Profien, just d‘Klatze solle rullen, de Kullang gebotzt ginn an natierlech soll och vill gelaacht ginn. Fir dass mer gutt gestäerkt sinn, kréie mir do virdru gutt z'iessen. Nous ne sommes pas des professionnels mais nous faisons rouler les boules de quilles de plus belle et, comme il nous faudra des forces, nous déjeunerons avant notre exploit sportif. Mëttwochs / Mercredi 26/02/2020 - Umeldeschluss: 19/02/2020 01/04/2020 - Umeldeschluss: 25/03/2020 11:30 - Club Senior 11:45 - Café Medya - 7, rue Pasteur (Pullewee) Dudelange Präis: 4€ - Begleedung Minibus: 3€ Porte Ouverte Amiperas Dënschdes ëm 14:00 Auer am Diddelenger Haus fir Senioren 22
Mëttesdësch - Repas de midi Hierken mat gekachte Gromperen Filet de hareng aux pommes de terre Dessert D' Madamm Viviane Pigat invitèiert Iech hir Spezialitéit schmaachen ze kommen: E puer gudder «selwer agemaachen» Hierken mat gekachte Gromperen. Madame Viviane Pigat nous invite à goûter sa spécialité: «Les harengs marinés avec pommes de terre vapeur». Freides / Vendredi 28/02/2020 - Umeldeschluss: 24/02/2020 11:30 - Club Senior Präis: 15€ Minibus: 3€ Fir déi Léit déi gären Hierke mat heem huelen, déi kennen nom Mëttesdësch jee 2 Filete fir 6€ bei eis an der Cafeteria kafen, bis keng méi do sinn. Pour ceux qui veulent emporter des harengs à la maison, il y en aura à votre disposition en vente libre pour le prix de 6€ le lot de 2 filets, jusqu’à épuisement du stock. 23
Ausfluch - Excursion: Festival des migrations Luxexpo Kiirchbierg Wéi all Joer ass um Kierchbierg an den Ausstellungshalen den «Festival des migrations, de la Culture et de la Citoyenneté». Ënnert all senge Forme geet et hei em d’Begéinung vun de Kulturen, ob iwwert Iessen, Danz a Musek oder och Bicher, Infostänn…asw. Mir fuere mam Minibus op de Glacis a mam Tram op de Kiirchbierg. Comme tous les ans le «festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté» se tiendra aux halles des foires au Kirchberg. Le multiculturalisme sera vivant sous toutes ses formes: danse, musique, livres, stands d’informations et stands culinaires. Nous nous rendons en mini-bus au Glacis et ensuite en tram au Kirchberg. Samsdes / Samedi 29/02/2020 - Umeldeschluss 26/02/2020 14:00 - Club Senior Präis: 13€ - Begleedung - Minibus (Tram non inclus) 24
Visitt: National Bibliothéik Lëtzebuerg Visite guidée :Bibliothèque nationale Déi nei National Bibliothéik huet hir Diere säit dem 1. Oktober 2019 fir de Public op. Dir sidd virwëtzeg an interesséiert dat schéint Gebai vu bannen ze gesinn, da fuert mat eis dohin. Mir huelen zu Diddeleng de Bus an dono den Tram, deen eis bis virun d' Bibliothéik féiert. Mir kréien eng Visitt guidée a Lëtzebuerger Sproch ugebueden. La nouvelle Bibliothèque nationale de Luxembourg, accueille le public depuis le 1er octobre 2019. Vous voulez voir ce beau bâtiment de l’intérieur, rejoignez- nous pour une visite guidée en langue luxembourgeoise. Nous nous y rendons en bus public et en tram, qui nous emmènera jusqu’à l’entrée de la bibliothèque. Freides / Vendredi 06/03/2020 - Umeldeschluss:28/02/2020 13:45 - Club Senior Präis: 3€ - Visitt - Begleedung (Bus et Tram non inclus) 25
Ausfluch - Excursion: Springbreak Luxexpo Kiirchbierg Wat mer soss ëmmer «Fréijoersfoire» genannt hunn, ass haut de «Springbreak». Et ass nach ëmmer eng gutt Geleeënheet fir ze virwëlzen wat et dann sou Neits fir de Gaart an d’Haus gëtt, oder awer e Pättchen ze degustéieren oder eppes Guddes ze iessen. Depuis 2017 la «foire de printemps» s’appelle le «Springbreak». Elle reste une bonne occasion pour découvrir les nouveautés autour de la maison et du jardin, de déguster un bon verre de vin ou quelques spécialités culinaires. Freides / Vendredi 13/03/2020 - Umeldeschluss: 09/03/2020 13:45 - Gemengeplaaz Präis: 3 € - Begleedung Ëffentlechen Transport / transport en commun (Bus 207) 26
Shopping: IKEA Arlon Fuert mat eis am Minibus op Arel an den IKEA. Zesumme kucke mir eis an aller Rou d’ Miwwelen an d’Dekoratiounen vun der berüümter skandinavescher Chaîne un. Mëttes iesse mir zesummen am traditionelle Self-Service Restaurant am Ikea. Nous nous rendons en minibus au magasin IKEA à Arlon. Vous avez la possibilité de regarder en toute tranquillité les meubles et accessoires de décoration. Nous prenons le repas de midi dans le restaurant self-service sur place. Méindes / Lundi 16/03/2020 - Umeldeschluss:13/03/2020 11:00 - Club Senior Präis: 18€ - Begleedung - Minibus RV: Smartphone oder Tablet Dir hutt Froen zum Ëmgang mat ärem Smartphone oder Tablet, da frot bei eis am Club Senior fir e Rendez-vous mat der Madamm Tania Schmit-Benassuti. Nos cours particuliers sont l’occasion unique pour venir poser à Madame Tania Schmit-Benassuti, toutes vos questions sur vos Smartphones et Tablettes. Veuillez appeler votre Club Senior «Schwaarze Wee» pour fixer rendez-vous et pour recevoir de plus amples renseignements. Rendez-vous: sur demande: Präis: - Eng individuell Seance pro Joer: Gratis - All weider individuell Seance: 75 € - Gruppen-Formatioun: 25€ (max. 6 Léit) 27
Mëttesdësch - Repas de midi Aligot Dessert Den Här Jean Poudevigne kacht eis eng typesch Spezialitéit aus senger Heemecht, der Auvergne. Aligot ass eng Zort Frëschkéis, deen mat Gromperepüree a Grillwurscht zerwéiert gëtt. Monsieur Jean Poudevigne nous prépare sa spécialité de la région d’Auvergne. L’Aligot est une sorte de fromage frais, servi avec de la purée de pommes de terre et des saucisses grillées. Mëttwochs / Mercredi 18/03/2020 - Umeldeschluss: 06/03/2020 11:30 - Club Senior Präis: 15€ Minibus: 3€ 28
Conférence au service RBS: Ma volonté en fin de vie Vous interrogez-vous sur votre fin de vie et souhaitez-vous garder le pouvoir d’en décider? Le Luxembourg par son appareil législatif, vous donne la possibilité d’exprimer votre volonté, en utilisant les documents „directive anticipée“ et/ou „dispositions de fin de vie“. Pour beaucoup, la différence entre ces deux documents et donc entre „soins palliatifs“ et „euthanasie“ n’est pas claire. De plus, certains points des formulaires, concernant notamment les méthodes de traitement, peuvent susciter des questions. Le service RBS a invité le Dr Carlo Bock et le médiateur de santé et juriste Mike Schwebag pour donner des informations sur le côté législatif de cette thématique, expliquer les deux formulaires et, bien sûr, pour répondre à vos questions. Mike Schwebag dirige depuis 2015 le “Service national d’information et de médiation dans le domaine de la santé”, une structure d’information et de médiation ouverte aussi bien au patient qu’au professionnel de la santé. Dr Carlo Bock, cancérologue, est membre de la commission Nationale de Contrôle et d’Evaluation de la loi du 16 mars 2009 sur l’euthanasie et l’assistance au suicide et président de la „Fondation Cancer“. Mir fueren zesummen op Izeg. D’Konferenz ass op Franséisch. Méindes / Lundi 23/03/2020 - Umeldeschluss:18/03/2020 09:15 - Club Senior 10:00 - Service RBS Itzig Minibus:10€ 29
Benevolen aktiv fir de Club: Programmzeitung-Programme d’activiés Virbereedung an Ausdeelen Dënschdes / Mardi Préparation et distribution 24/03/2020 Rendez-vous des bénévoles 08:30 - Club Senior Umeldeschluss fir nei Benevolen: 1 Woch virdrun Visitt - Visite: Laboratoire National de Santé De «Laboratoire National de Santé» hei zu Diddeleng huet verschidde Departementer woubaï dee Gréissten den «Centre de Pathologie» ass. Mir kréien eng gefouert Visitt am «Service d’Anatomie Pathologique». Hei ginn verdächteg Zellen ënner anerem op Kriibs ënnersicht. Ween Loscht huet kann dono mat eis an e Restaurant zu Diddeleng iesse goen. Le Laboratoire National de Santé de Dudelange est constitué de différents départements, le plus grand étant le «Centre de Pathologie». Nous allons avoir une visite guidée du service «Anatomie Pathologique». Ce service a pour missions de diagnostiquer le cancer et autres lésions. Après la visite nous pourrons déjeuner ensembles dans un restaurant à Dudelange. Mëttwochs / Mercredi 25/03/2020 - Umeldeschluss: 20/03/2020 09:15 - Club Senior Ëffentlechen Transport (Bus 305) Präis: 3€ Begleedung - Visitt guidée 30
Éischthëllefscours fir Grousselteren Cours de premier secours pour les grands-parents Dir wëllt als Grousselteren op alles gutt virbereet sinn an och bei klengen Noutfäll richteg handelen, dann hu Dir elo d' Geleeënheet bei eis en Éischthëllefscours matzemaachen. De Cour ass op lëtzebuergesch a geet iwwert 2 Seance vu jee 2 Stonnen. En gët gehale vum Här Jeff Herr (Formateur an éischter Hëllef). Le Cours est en langue luxembourgeoise. Donneschdes / Jeudi 26/03/2020 an 02/04/2020 Umeldeschluss: 19/03/2020 09:00-11:00 - Club Senior Präis: 25€ fir dei 2 Seancen 31
Ausfluch: Ouschtermaart Sankt Wendel Excursion: Marché de Pâques Traditionell an no deem grousse Succès vun deene leschte Joeren fuere mir erëm op Sankt Wendel op den Ouschtermaart. Dëst Joer fuere mir mam Club Senior “Mosaïque” vun Esch. Op ronn 90 Stänn kann zum Thema Ouschteren akaaft, gekuckt, gebastelt a gespillt ginn. Mëttes iesse mir am Restaurant « Le Journal ». Sot eis bei der Umeldung Bescheed ob Dir mat eis zesumme à la carte zu Mëtteg iesse wëllt. (D’Iessen ass net abegraff am Preis). Après le grand succès des dernières années, nous retournons, ensemble avec le «Club Senior Mosaïque» d’Esch-sur-Alzette, au marché de Pâques à Saint Wendel. Sur un total de 90 stands autour du sujet de Pâques vous pouvez acheter, regarder, bricoler et jouer. A midi nous déjeunerons au restaurant «Le Journal». Veuillez-nous prévenir si vous voulez manger avec nous à la carte au restaurant. (Le repas n’est pas inclus dans le prix). Freides / Vendredi 27/03/2020 - Umeldeschluss: 20/03/2020 09:10 - Esch-sur-Alzette - «Quai 1» 09:35 - Dud. - Parking Käler Stroos - Arrêt «Scherrwee» 09:40 - Dudelange - Rue de l’Etang-Arrêt «Gare Quai 5» 09:45 - Dudelange - Club Senior «Schwaarze Wee» Präis: Member: 32€ - Net Member: 34€ Bus - Begleedung 32
Pilates Mat der Mme Carole Resslinger Ab dësem Joer bidden mir Iech eng nei reegelméisseg Aktivitéit un: De Pilates ass eng Aart Gymnastik déi als Ziel huet, eis Muskulatur opzebauen an eis Kierperhaltung ze verbesseren. D’Übunge sinn eng Kombinatioun aus Kraaftübungen, Stretching a bewosster Ootmung. Le Pilates est une sorte de gymnastique douce, qui a pour objectif le développement des muscles profonds et l'amélioration de notre posture. Les exercices se basent sur une combination de musculation, étirement musculaire et respiration spécifique. 03/02/2020 10/02/2020 17/02/2020 02/03/2020 09/03/2020 16/03/2020 23/03/2020 30/03/2020 Méindes / Lundi 15:15 - Club Senior Präis: 3€ 33
Gediechtnes Training 10/01/2020 Entrainement mental 17/01/2020 Mat der Mme Eleonore Hein-Becker 24/01/2020 31/01/2020 07/02/2020 14/02/2020 28/02/2020 06/03/2020 13/03/2020 20/03/2020 Freides / Vendredi 27/03/2020 15:00 - Club Senior Präis: 3€ Rhythmesch Handübungen Les mains rythmiques 08/01/2020 Mat der Mme Renée Bisdorff 15/01/2020 22/01/2020 29/01/2020 05/02/2020 12/02/2020 19/02/2020 26/02/2020 04/03/2020 18/03/2020 Mëttwochs / Mercredi 25/03/2020 10:00 - Club Senior Präis: 3€ 34
Philosophiekrees 09/01/2020 23/01/2020 06/02/2020 20/02/2020 05/03/2020 19/03/2020 Donneschdes / Jeudi 09:30 - Club Senior 35
Danz-Treff 10/01/2020 17/01/2020 Mat der Mme Ilona Pelletier 24/01/2020 31/01/2020 Freides / Vendredi 16:00 - Club Senior 07/02/2020 Präis: 3€ 14/02/2020 21/02/2020 28/02/2020 06/03/2020 13/03/2020 20/03/2020 27/03/2020 Gym Douce 06/01/2020 13/01/2020 20/01/2020 Mat den Dammen Gigi Holstein oder 27/01/2020 Sylvie Bolen 03/02/2020 10/02/2020 17/02/2020 24/02/2020 02/03/2020 09/03/2020 16/03/2020 Méindes / Lundi 23/03/2020 10:00 - Club Senior 30/03/2020 Präis: 3€ 36
Aqua Gym 09/01/2020 16/01/2020 Mam Här Frank Romani 23/01/2020 Donneschdes / Jeudi 30/01/2020 14:00 - Centre sportif René Hartmann Präis: 3€ 06/02/2020 13/02/2020 27/02/2020 05/03/2020 12/03/2020 19/03/2020 26/03/2020 Zumba Gold 06/01/2020 13/01/2020 20/01/2020 Mat der Mme Carole Resslinger 27/01/2020 Méindes / Lundi 14:00 - Club Senior 03/02/2020 Präis : 3€ 10/02/2020 17/02/2020 24/02/2020 02/03/2020 09/03/2020 16/03/2020 23/03/2020 30/03/2020 37
06/01/2020 Tai-Chi 13/01/2020 20/01/2020 Mam Här 27/01/2020 Léon Rinaldetti Méindes / Lundi 03/02/2020 18:30 - Centre sportif René Hartmann 10/02/2020 Präis: 3€ 17/02/2020 24/02/2020 02/03/2020 09/03/2020 16/03/2020 23/03/2020 30/03/2020 Seniore-Yoga 07/01/2020 14/01/2020 Mat der Mme Rosanna Heinen-Pacchioli 21/01/2020 28/01/2020 04/02/2020 11/02/2020 25/02/2020 03/03/2020 10/03/2020 17/03/2020 Dënschdes / Mardi 24/03/2020 09:30 - Club Senior 31/03/2020 Präis: 3€ 38
Konscht-Treff Rendez-vous des artistes Mat der Mme Christiane Weiland-Keup 08/01/2020 Mëttwochs / Mercredi 15/01/2020 14:30 - Club Senior: 22/01/2020 Präis: 3€ 29/01/2020 05/02/2020 12/02/2020 Pétanque Méindes / Lundi 15:00 - Boulodrome 13/01/2020 27/01/2020 10/02/2020 24/02/2020 09/03/2020 30/03/2020 39
Réckbleck - Souvenirs Bayrescht Fest Bayrescht Fest Bayrescht Fest Bayrescht Fest Bayrescht Fest 40
Benevole Fest Benevole Fest Benevole Fest Benevole Fest Atelier: Kürbisfratzen Atelier: Kichelecher fir Feierdeeg 41
Réckbleck - Souvenirs Ausfluch: Royal Palace Kirrwiller Ausfluch: Royal Palace Kirrwiller Ausfluch: Royal Palace Kirrwiller Ausfluch: Royal Palace Kirrwiller 42
Beaujolais Fest Beaujolais Fest Beaujolais Fest Beaujolais Fest 43
Musical: BODYGUARD Rockhal - Esch-Belval Bodyguard ist nicht nur im Kino ein Hit. Die aufwändige deutsche Inszenierung kommt zum ersten Mal auf ihrer großen Tournee in die Rockhal. Freuen Sie sich auf 16 überwältigende Songs. Erleben Sie ein aktuelles Bühnenereignis der Extraklasse – noch glamouröser und noch romantischer als der Film! Die größte Liebesgeschichte aller Zeiten. Reservéiert ären Ticket bei eis am Club Senior, d’ Plazen si limitéiert. Bodyguard, le Musical allemand c’est le frisson du film sur scène avec seize tubes inoubliables interprétés en live. Amour, émotion et suspense. Réservez votre ticket chez nous au Club Senior, les places sont limitées. Donneschdes / Jeudi 20/02/2020 - Umeldeschluss 12/02/2020 18:15 - Dud. - Parking Käler Stroos - Arrêt «Scherrwee» 18:20 - Dudelange - Rue de l’Etang-Arrêt «Gare Quai 5» 18:25 - Dudelange - Club Senior «Schwaarze Wee» 19:30 - Ufank vum Musical Präis: Member: 116€ - Net Member: 118€ Bus - Entrée - Begleedung 44
Vous pouvez aussi lire