Vum Club Senior "Schwaarze Wee" am Diddelenger Haus fir Senioren - octobre - Luxsenior
←
→
Transcription du contenu de la page
Si votre navigateur ne rend pas la page correctement, lisez s'il vous plaît le contenu de la page ci-dessous
Hierschtprogramm vum Club Senior „Schwaarze Wee“ am Diddelenger Haus fir Senioren Oktober octobre November novembre Dezember décembre
Diddelenger Haus fir Senioren asbl Club Senior ,,Schwaarze Wee’’ Résidence Liberté 48, rue de la Libération L-3511 Dudelange Tél: 26 51 55 - 1 Fax: 26 51 55 - 33 GSM: 621 50 16 86 E-mail: schwaarzewee@clubsenior.lu Dir fannt eis lo och ënnert : Club Senior Schwaarze Wee op Den Accueil ass op / l’accueil est ouvert Méindes, Mëttwochs a Freides / lundi, mercredi et vendredi 09:00 - 12:00 et 14:00 - 17:00 Fir weider Informatiounen ruft eis un, w.e.g. D’Kaffisstuff ass op: la cafétéria est ouverte: Mëttwochs a Freides / mercredi et vendredi 14:30 – 17:30 an fir all regelméisseg Aktivitéiten am Sall. Eis Teilnahmebedingungen kënnt Dir zu jidder Zäit bei eis am Bureau ufroen. Vous pouvez demander notre règlement interne au Club Senior „Schwaarze Wee“. Eis Kontosnummeren / nos numéros de comptes Diddelenger Haus fir Senioren asbl CCPL: IBAN LU75 1111 2111 2048 0000 BCEE: IBAN LU70 0019 1755 5628 3000 Impression: Imprimerie Heintz - Pétange / Agrément ministériel PA/03/05/031 2
Mir si fir Iech do - à votre service (l.n.r.) Viviane Lang-Hirschler; Michèle Dormal; Jeanne Rubbini- Kohl; Sonia Cruciani-Hoss; Peggy Klein-Bellegante; Sylviane Figueiredo; Astrid Hansen-Schintgen; (sëtzen l.n.r.) Patricia Meyer-Bras; Nathalie Pignolo-Weber. Profitéiert vun eisem Minibustransport Bei verschidden Aktivitéiten bei eis am Club Senior, proposéiere mir Iech e Minibustransport: Mir kommen Iech zu Diddeleng heem sichen a bréngen Iech och erëm zeréck. Umeldung w.e.g. bis 2 Deeg virum Datum. Profitez de notre Transport en minibus Pour certaines activités au sein du Club Senior nous vous proposons notre service de transport entre votre domicile à Dudelange et le Club Senior. Veuillez vous inscrire jusqu’à deux jours avant l’activité. 3
Editorial Dësen Hierscht hu mir Iech e besonnesch ofwiesslungsräichen an interessante Programm zesummegestallt. Nieft enger Partie flotten Ausflich hu Dir bei en etlech Fester a Mëttesdëscher Geleeënheet är Frënn a Bekannten ze begéinen. An der Preparatioun op d’Feierdeeg hu mer dëst Joer verschidden Atelieren a Coursen organiséiert, wou Dir Neies léieren an duerno är Léiw doheem iwwerrasche kënnt. Äre Club Senior vun Diddeleng ass ëmmer beméit bei allen Aktivitéiten, grad wéi um Comptoir, äusserst niddreg a sozial Präisser ze hunn. Trotzdeem, musse mir Iech heimat informéieren, datt ab 1. Oktober 2019 de neie Präis vun 3.- € pro Seance gëllt fir déi traditionell, reegelméisseg Aktivitéiten. Wéi ëmmer braucht Dir just déi Seancë ze bezuelen, wou Dir wierklech do waart. Och kritt Dir weider är Facture um Enn vun all Trimester. All neie Client vun enger reegelméisseger Aktivitéit huet eng éischt Seance gratis zegutt. Wann och d’Personal an d’Infrastruktur vun der Asbl, zesumme mat Ministère a Gemeng, finanzéiert ginn, sou muss dee ganzen Animatiounsberäich sech awer selwer droen. Fir datt Dir är léifsten Aktivitéite besser erëm fannt, hu mir d’Inhaltsverzeechnes dës Kéier a Kategorien opgedeelt, wärend d’Programmzeitung weiderhin éischter chronologesch opgebaut ass. Mir hoffen datt mir Iech Loscht op Allerlee gemaach hunn a mir freeën eis Iech geschwënn begréissen ze kënnen. Jeanne Rubbini - Kohl Chargée de Direction De Logo «behënnertegerecht» dee mir an eis Programmzeitung bei verschidden Aktivitéiten setzen, heescht just datt déi Plaz wou mir den Ausfluch maachen, de Restaurant an d’Toilette, ouni Trapen oder gréisser Steigungen ass. Leider ass eise Minibus nët équipéiert fir eng Persoun, déi fest am Rollstull sëtze muss, matzehuelen. 4
Editorial Cet automne, le Club Senior «Schwaarze Wee» de Dudelange vous propose un programme d’activités très diversifié et intéressant. A côté des belles sorties, il y a toute une série de fêtes et repas de midi, qui sont une bonne occasion pour venir et rencontrer des gens. Aussi, nous avons organisé plein de cours et ateliers, où vous pourrez apprendre des astuces pour pouvoir surprendre votre famille lors des fêtes de fin d’année. Bien que notre Club Senior soit toujours soucieux de garder des prix bas et sociaux, aussi bien pour le comptoir que pour toutes nos activités, nous sommes dans l’obligation d’augmenter le prix par séance à 3€ à partir du 1 er octobre 2019 pour les activités régulières, traditionnelles. Comme d’habitude, ne sont facturées que les présences réelles en fin de trimestre et pour tout nouveau client, la première séance reste gratuite. Il faut savoir que ce ne sont que les salaires du personnel et l’infrastructure qui sont portés par l’Asbl et subventionnés par le Ministère et la Commune. Le volet animation doit se financer de manière autonome. Pour vous permettre de mieux trouver vos activités préférées, nous avons subdivisé la table des matières selon les catégories d’activités, alors que le programme d’activités reste dans l’ordre chronologique. Dans l’espoir d’avoir attiré votre attention, nous vous invitons à venir vous inscrire à plein d’activités. Jeanne Rubbini - Kohl Chargée de Direction Le logo «handicapés» inclus auprès de certaines excursions au programme d’activités, signifie que l’endroit de l’excursion est accessible plain-pied, tous les lieux et les WC sont soit situés au même niveau, soit accessibles en ascenseur. Malheureusement, notre Minibus n’est pas équipé pour le transport de personnes en chaise roulante. 5
De Club Senior wär frou nach en etlech Benevolen begeeschteren ze kënnen. Et get vill Méiglechkeeten: - ee Virtrag halen oder Photos/Film weisen iwwert en interessant Thema. - ee reegelméissege Cours vun äre ganz spezielle, perséinleche Fäegkeeten ubidden. - am Service an der Cafeteria, bei Fester a bei Mëttesdëscher eng Hand mat upaken. - eis Programmzeitungen an aner Reklammen vum Club Senior an Diddeleng ausdroen. Mir brauchen Iech! Zéckt net, mellt Iech! Merci Devenez Bénévole pour votre Club Senior: - Soit en tenant une conférence ou montrer vos propres films ou photos intéressants. - Soit en faisant profiter le public de vos capacités et savoir spécifiques sous forme de cours. - Soit en aidant au service en cafétéria, en cuisine et lors des fêtes. - Soit en préparant et en distribuant nos brochures et diverses publicités à Dudelange. N’hésitez pas à venir nous supporter ! Merci Fotos von Teilnehmern an Aktivitäten können von uns zur Veröffentlichung in unserer Programmzeitung oder anderen Medien genutzt werden. Sollten Sie damit nicht einverstanden sein, bitten wir Sie, uns das schriftlich mitzuteilen. Les photos de participants aux activités sont susceptibles d’être publiées dans notre programme d’activités et autres médias. Si vous ne permettez pas la publication de votre photo, veuillez nous en informer par écrit. 6
D’Memberskaarten 2019 Les cartes membre 2019 Gitt Member bei eis am Club Senior, da kritt Dir eisen Aktivitéitsprogramm heem geschéckt. Dir kënnt äre Bäitrag vun 9 € an de Club Senior bezuele kommen oder Dir iwwerweist d’Suen w.e.g. mam Vermierk ~Numm, ~Adress, membre donateur 2019 op ee vun eise Konten. Devenez membre et recevez régulièrement notre programme d’activités. Nous tenons à votre disposition les cartes membre 2019 au prix de 9 €. Veuillez passer au bureau ou bien faire un virement avec la communication ~nom, ~adresse, membre donateur 2019 sur un de nos comptes bancaires. “Diddelenger Haus fir Senioren“ asbl: CCPL: IBAN LU75 1111 2111 2048 0000 BCEE: IBAN LU70 0019 1755 5628 3000 7
SOMMAIRE EIS AKTIVITÉITEN Zesummesinn Kultur, Musek an Info Soirée “Millefeuilles” 17 Expo: ‘’Lëtzebuerg, mäin Doheem’’ 23 Sauerkraut – Info 25 Konferenz: Cohabit’Age 26-27 Film-Nomëtteg 36 Lidder-Nomëtteg 38 Intervallfasten - Info 48 Programm Demenz Präventioun 58-59 Iessen Mëttesdësch am Oktober 22 Mëttesdësch am November 24 Mëttesdësch am Dezember 44 Mëttesdësch am Januar 49 Fester Bayrescht Fest 15 Beaujolais Fest 37 Wanter Fest 41 Chrëscht-Nomëttes-Uucht 45 Neijoerspatt 47 Benevolen aktiv fir de Club Dekoratioun: Hierscht 16 Dekoratioun: Wanter 40 Programmzeitung 49 Atelieren a Coursen Kichen Atelier: Kürbisrezepter 11 Atelier: Sauerkraut selwer maachen 32 Atelier: Kichelcher fir d’Feierdeeg 39 Atelier: Glace fir d’Feierdeeg 42 Sport / Loisirs Cours: Gospelgesang 13 Atelier: Kürbisfratzen 20-21 RV: Smartphone 21 Atelier: Adventsdeko 40 Atelier: Bijouen 50 8
SOMMAIRE EIS AKTIVITÉITEN Ënnerwee zu Diddeleng Fleegestatioun fir well Déieren - Le’h 10 Keele Spillen am November 36 Keele Spillen am Januar 36 am Ländchen Klengen Trëppeltour - Rëmeleng 12 Festival ‘’Clowns in Progress’’ - Esch/Alzette 14 “Café des Âges” - Esch/Alzette 30-31 Theater Matinée fir Senioren - Rodange 34 Rendez-Vous 60+ - Bonnevoie 35 Shopping: Belle Etoile - Bertrange 39 Concert : Rhummer Gospel - Echternach 60 am Ausland Kürbisausstellung, Gartenschau - Kaiserslautern 18 Pharaonen Gold - Völklinger Hütte 28-29 Royal Palace - Kirrwiller 33 Chrëschtmaart a Mëttelaltermaart - St Wendel 43 Reegelméisseg Aktivitéiten Sport Spadséiergang vum Mount 52 Fitness Walking 52 Danz-Treff 54 Gym Douce 54 Aqua Gym 55 Zumba Gold 55 Tai-Chi 56 Seniore-Yoga 56 Petanque 57 Gediechtnes a Koordinatioun Rhythmesch Handübungen 51 Gediechtnes Training 51 Kultur Mémoire Collective 53 Philosophiekrees 53 Konscht-Treff 57 9
Visitt: Fleegestatioun fir wëll Déieren Centre de soins pour la faune sauvage Mir hunn hei zu Diddeleng di eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren di et hei am Land gëtt. Gegrënnt ginn ass se 1988 fir verletzten Déieren ze hëllefen. Wou et deemools eng 83 Déiere waren di opgeholl gi sinn, sinn et der an der Tëschenzäit 2500 bis 3000 d’Joer. Dat ass net wéineg. Kommt mat eis op d’Fleegestatioun, mir kréien eng Visitt guidée wou mer alles erkläert kréien. Do virdrun gi mir an de Restaurant „Parc Le’h“ à la carte iessen. Le Centre de soins pour la faune sauvage de Dudelange est le seul centre de ce genre au Luxembourg. Depuis sa création en 1988, le nombre des animaux sauvages ne cesse d’augmenter. De 83 animaux accueillis à l’époque, ils sont aujourd’ hui entre 2500 et 3000 pensionnaires soignés. Venez donc avec nous pour une visite guidée du centre. Avant cela, nous prendrons le déjeuner à la carte au restaurant «Parc Le’h». Freides/ Vendredi 04/10/2019 - Umeldeschluss: 02/10/2019 11:45 - Club Senior 11:55 - Restaurant «Parc Le’h» 14:25 - Centre de soins de la faune sauvage Prais: 11€ - Begleedung - Visitt Minibus: 3€ 10
Atelier: Kürbisrezepter Wann eis Deeg méi kuerz an Nuechte méi laang ginn, wollte mir eise Leit e Kürbis-Kachcours proposéieren. An 2 Etappe weist d’Patricia Iech verschidde Rezepter an der Kiche ronderëm de Kürbis. Nom Atelier iessen eis Käch zesummen hire Menü,si dierfe jeeweils 1 Partner(in) oder Frënd(in) matbrénge. Alors que nos jours deviennent plus courts, Patricia vous propose un cours de cuisine à base de citrouille. En deux étapes, nous partagerons recettes et idées. Nous dégusterons nos plats ensembles. Si vous souhaitez, votre partenaire ou un/une ami(e) pourra également profiter de vos dons de cuisinier en s’inscrivant pour le repas. Meindes / Lundi (Entrée - Zopp - Plat) 07/10/2019 - Umeldeschluss: 30/09/2019 Freides / Vendredi (Plat - Dessert) 11/10/2019 - Umeldeschluss: 30/09/2019 09:00 - Club Senior Prais: 25€ Kachcours + Iessen - cours + repas les 2 séances Prais: 12€ pro Iessen (Partner (in) / ami(e)) Minibus: 3€ 11
Klengen Trëppeltour - petite promenade Mat eisem Minibus fuere mir op d‘Platz a ginn do en Tour vu maximal 45 Minutten spadséieren, mat den néidege Pausen. Well mir eis tëschenduerch sëtzen, ass dësen Trëppeltour och nëmme bei dréchenem Wieder. D’Personal bleift ëmmer bei deene Leit, déi net sou fit sinn. Wee besser zu Fouss ass, kann natierlech op eege Fauscht méi schnell a méi wäit goen. Duerno gi mir an de Restaurant „Brasserie du Musée“ e gudde Maufel „à la carte“ iessen. Notre petite promenade s’adresse explicitement aux personnes âgées, qui aiment se promener dans un cadre aisé, avec beaucoup de bancs publics pour les pauses nécessaires. Nous nous rendons en minibus sur place. Le personnel accompagne les participants les plus lents et garantit une durée maximale de 45 minutes de promenade. Evidemment vous pouvez choisir vos distances et rythmes personnels de manière autonome. Après la promenade nous déjeunons à la carte dans le restaurant «Brasserie du musée». Rëmeleng - Rumelange An «Hëseng» Mëttwochs / Mercredi 09/10/2019 - Umeldeschluss: 04/10/2019 10:30 - Club Senior Präis: 12€ Begleedung - Minibus 12
Cours: Gospelgesang - Chant Gospel Fais de ta plainte un chant d’amour pour ne plus savoir que tu souffres (proverbe Touareg). Wann dës speziell Rhythmen Iech De Gospel Gesang ass an schon ëmmer faszinéiert hun, da Nordamerika entstane wie kommt mat eis Gospel sangen, Schwaarzafrikaner als Sklaven ënner der Leedung vun der dohi verschleeft gi si fir an onwürdege Konditiounen ze Madame Saulier, déi scho vill schaffen. Dës Lidder waren e Erfahrung als Pianistin bei de Ventil fir hir Gefiller, se stounge fir Rhummer Gospelsänger gesammelt Trauer, Verzweiwlung awer och fir huet. Dëst ass e Gesamt-Cours vu Hoffnung a souguer Freed. 5 Seancen. Loosst Iech net ofschrecken dass eng Partie Lidder op Englesch sinn, déi einfach Texter Le chant Gospel s’est développé loosse sech spilleresch léieren, Dir en Amérique du nord quand les waerd gesinn, et geet bal ganz vum africains y ont été déporté comme esclaves où ils ont dû travailler selwen. sous des conditions inhumaines. Les chants qu’ils ont imaginés parlaient de leurs souffrances mais aussi de leurs espoirs et joies. Rejoignez-nous pour apprendre ces chants sous la direction de Madame Saulier, qui est pianiste au groupe connu du Chœur « Rhummer Gospel ». Ceci est un cours de 5 séances. Même si certains textes sont en langue anglaise, ne vous laissez pas décourager, cela s’apprend facilement. Mëttwochs / Mercredi - Umeldeschluss: 07/10/2019 09/10/2019 13/11/2019 11/12/2019 30/10/2019 27/11/2019 18:00 - Club Senior Präis: 25€ de ganze Cours / le cours complet 13
Festival: «Clowns in Progress» Spectacle: «Rien à dire» Escher Theater -Théâtre d’Esch-sur-Alzette Virstellung am Escher Theater «Rien à dire» vun an duerch de Leandre Ribera (Katalounien): Eng poetesch Comedy-show ouni Wierder. Eng Dier a féier Miwwelstécker bilden de simplen, klapperegen Interieur vun deem Haus, an deem de Leandre Iech empfänke wäert. An natierlech sëtzt net alles perfekt op senger Plaz: Honnerte vu giele Strëmp um Buedem, Präbbelien un der Decken, e verfluchte Schaf, widderspännsteg Luten…Mee de Besëtzer empfänkt eis mat enger aluedender Eleganz an engem vun Absurditéit gepräägten Humor. Also loosst eis eragoen! Spectacle au Théâtre d’Esch-sur-Alzette. «Rien à dire» de et par Leandre Ribera (Catalogne). Un spectacle d’humour poétique. Sans paroles. Oh…Certes, tout n’est pas parfaitement rangé, des centaines de paires de chaussettes jaunes au sol, des parapluies au plafond, une penderie hantée, des lampes récalcitrantes…mais le propriétaire n’a pas son pareil pour nous recevoir, avec une élégance bienveillante et un humour teinté d’absurde. Alors…Entrons ! Donneschdes / Jeudi 10/10/2019 - Umeldeschluss: 07/10/2019 18:00 - Club Senior Prais: 28€ - Minibus - Begleedung - Entrée 14
Bayrescht Fest Fête Bavaroise Hutt Dir Dirndl oder Lederhose bei Hand wat zu München op der Wiesen ganz bekannt da kéint Dir Iech gär sou kleeden a soumat nach méi bayresch Atmosphär verbreeden. Fir Musek, Danz a Freed ass och gesuergt sou ass ganz séier e flotte Mëtteg verbruecht! Venez et passez avec nous un après-midi tout au style bavarois. Mettez votre «Dirndl» ou pantalon en cuir. Nous proposons de la musique et des spécialités bavaroises. Mat Brezn, Weißwurst, Gulaschzopp an e gudden Apfelstrudel hannendrop ass och gefëllt de Mo ganz séier an dobäi passt de bayresche wäisse Béier. Mat Live-Musek vum live musique avec Lisa Mariotto Mëttwochs / Mercredi 16/10/2019 - Umeldeschluss: 11/10/2019 11:30 - Club Senior Minibus: 3€ 15
Benevolen aktiv fir de Club: Dekoratioun: Hierscht - Automne Kommt an hëlleft eis als Benevol de Club Senior flott ze dekoréieren. Zesumme rëschte mir eis Cafeteria ganz am Thema Hierscht a Kürbissen. Venez nous aider, en tant que bénévole, à décorer nos salles sous le thème de l’automne et des citrouilles. Donneschdes / Jeudi 17/10/2019 - Umeldeschluss: 14/10/2019 09:00 - Club Senior Minibus: 3€ 16
17
Ausfluch - Excursion: Kaiserslautern Kürbisausstellung Gartenschau Mat dem grousse Bus fuere mer zesumme ‘’Kürbisausstellung’’ an der Gartenschau zu Kaiserslautern kucken. Dëst Joer ass den Thema vun dëser Ausstellung dat aalt Roum. Bei engem gemittleche Spadséiergang duerch de Park kenn der esou en Tour duerch Geschicht erliewen , den Cäsar an al réimesch Bauwierker aus Kürbisse geschnëtzt bewonneren. Duerno gi mer zesummen an Restaurant ,,Brauhaus an der Gartenschau’’ à la carte ze Mëtteg iessen. En grand bus nous allons voir ensemble l’exposition de potirons à En grand bus nous la ,,Gartenschau’’ allons voir ensemble à Kaiserslautern. l’exposition Cette année de potirons le thème à de cette la ,,Gartenschau’’ à Kaiserslautern. Cette année le thème de cette exposition exposition est est l’ancien l’ancien empire empire romain. romain. Au Au cours cours d’une d’une belle belle promenade promenade dans le parc vous pouvez vivre l’histoire romaine dans le parc vous pouvez vivre l’histoire romaine en en admirant Caesar et d’anciens édifices romains sculptés en potirons. A midi nous allons manger ensemble à la carte au,, Brauhaus an A midi nous allons manger ensemble à la carte au,, Brauhaus an der der Gartenschau’’. Gartenschau’’. Freides / Vendredi 18/10/2019 - Umeldeschluss: 11/10/2019 08:00 - Dud. - Parking Käler Stroos - Arrêt «Scherrwee» 08:05 - Dudelange - rue de l’Etang - Arrêt «Gare Quai 5» 08:10 - Dudelange - Club Senior «Schwaarze Wee» Präis: Member: 67,50€ - Net Member: 69,50€ Bus - Begleedung - Entrée Ausstellung 18
Réckbléck - Souvenirs Ausfluch: Randschleider Pad Schueberfouer 2019 Centre nature et forêt Biodiversum Remerschen 19
Atelier: Kürbisfratzen Grimasses de Citrouille Dir wëllt léieren wéi een am beschte Kürbisfratze schnitzt fir et doheem emol mat ären Enkele fir Halloween ze maachen ? Da kommt an de Club Senior an den Atelier mam Monique Meyer, si weist Iech Tipp an Tricks fir datt d’Resultat sech weise léist. Vous voulez apprendre à sculpter des citrouilles pour préparer Halloween avec vos petits-enfants? Alors venez à l’atelier avec Mme Monique Meyer, qui vous montre les astuces pour bien réussir une belle grimasse. Meindes / Lundi 21/10/2019 - Umeldeschluss: 18/10/2019 15:00 - Club Senior Präis: 10€ fir den Atelier (+ Kürbis / citrouille 3€/kg*) Minibus: 3€ * Wann Dir selwer ee geschnitzte Kürbis mat heem huele wëllt sot w.e.g Bescheed bei der Umeldung – Zousatz-Präis jee no Gréisst vum Kürbis. * Si vous voulez emmener votre citrouille sculptée, veuillez nous le dire à l’inscription – prix selon le poids du fruit. 20
Fratzen an de Kürbis - Les visages taillés dans les citrouilles: Sou wéi Halloween kënnt och dëse Brauch aus Irland. Et gëtt gezielt dass de Gauner Jack O. de Leit säi Liewe laang Béises u’gedoen huet. Wéi en dann dunn un der Himmelsdier stoung, ass en net era gelooss ginn. Ma och an der Hell huet den Däiwel e net gewollt, hat allerdéngs Matleed mat him. Fir dass de Jack O. soll de Wee zeréck op d’Äert fannen, huet en him eng Höllekuel ginn an se an eng Rommel gestach fir d’Geeschter ënnerwee ofzeschrecken. Mat der Zäit ass d’Rommel duerch de Kürbis ersat ginn a fir nach mi ofschreckend ze sinn, sinn d’Fratzen dra geschnëtzt ginn. Zanterhier gëtt an Amerika dës Lanter och „Jack o’lantern“ genannt. On raconte que le filou Jack O n‘a pas été accepté ni au paradis ni en enfer, puisqu‘il a arnaqué les braves gens toute sa vie. Mais comme le diable a eu pitié de lui, il lui a remis un charbon ardent dans une grosse betterave pour chasser les esprits sur son chemin de retour sur terre. Avec le temps, la betterave à été remplacée par la citrouille et des visages y on été taillés. Aux Etats-Unis, on les appelle les „Jack O‘lantern“ (coutume irlandaise). RV: Smartphone oder Tablet Dir hutt Froen zum Ëmgang mat ärem Smartphone oder Tablet, da frot bei eis am Club Senior fir e Rendez-vous mat der Madame Tania Schmit-Benassuti. Nos cours particuliers sont l’occasion unique pour venir poser toutes vos questions sur vos Smartphones et Tablettes. Veuillez appeler votre Club Senior «Schwaarze Wee» pour fixer rendez-vous et pour recevoir de plus amples renseignements. Rendez-vous: sur demande: Präis: - Eng individuell Seance pro Joer: Gratis - All weider individuell Seance: 75 € - Gruppen-Formatioun: 25€ (max. 6 Léit) 21
Mëttesdësch - Repas de midi A wa mir elo schonn esou vill ëmt de Kürbis organiséiert hunn, leit et op der Hand, dat mir mat Kürbis weiderfueren an Iech e Mëttesdësch proposéieren, zu genau dësem Thema. Mir verwinnen Iech mat enger Entrée, engem Plat «tri de pâtes» an engem gudden Dessert. Kommt a schmaacht eise Kürbis-Menü. Il est clair que, pour le mois d’octobre, notre repas de midi soit préparé à base de citrouille. Et pour bien vous satisfaire, le menu se compose d’une entrée, d’un plat principal aux «tri de pâtes» dont une pâte est farcie à la citrouille, et d’un dessert également à la citrouille. Kürbiszopp Soupe de citrouille Tri de pâtes mat engem Dessert dono un dessert vous sera servi après le repas Freides / Vendredi 25/10/2019 - Umeldeschluss: 18/10/2019 11:30 - Club Senior Prais: 17€ Minibus: 3€ 22
Ausstellung - Exposition: Lëtzebuerg, mäin Doheem: regards croisés Dës interessant Photo-Ausstellung op Besuch an eisem Club Senior, weist eis Portraite vun 10 Leit di aus Italien, Portugal, Spuenien a Frankräich virun enger ganzer Rei Joren hei op Lëtzebuerg schaffe komm sinn. Déi Generatiounen déi deemools hei hinner migréiert sinn, fir ënnert anerem an der Stolindustrie ze schaffen, sinn haut iwwert 50 Joer al an all hu se sech bedeelegt dat Lëtzebuerg opzebauen dat mir haut kennen. «Lëtzebuerg, mäin Doheem: regards croisés» en visite au club Senior, est une exposition de portraits d’une dizaine de ces individus qui, depuis d’Italie, le Portugal, l’Espagne ou la France, ont migré au Luxembourg, il y a plusieurs années. Dës Ausstellung ass am Club Senior ze gesi vum: 14 Oktober bis den 12 November 2019 Cette exposition sera à visiter au Club Senior du: 14 octobre au 12 novembre 2019 23
Mëttesdësch - Repas de midi Fir Iech am November eppes gutt Waarmes an Defteges ze proposéieren, komme mir net laascht eng Choucroute. Begleet mat Fleesch a Moschter, deet dat an dëse kalen Deeg ëmmer gutt. Accompagné de différentes viandes et dégusté avec une bonne moutarde, la choucroute est un mets très appréciée. Choucroute garnie mat engem Dessert dono un dessert vous sera servi après le repas Mëttwochs / Mercredi 06/11/2019 - Umeldeschluss: 30/10/2019 11:30 - Club Senior Prais: 15€ Minibus: 3€ 24
Sauerkraut – Info Choucroute - les bienfaits Sauerkraut - am besten selbst gemacht - ist Lebensmittel und probiotisches Nahrungsergänzungsmittel in einem. Es ist voller hochwirksamer und lebenswichtiger Mikroorganismen. Diese Mikroorganismen bilden einen Grossteil des menschlichen Immunsystems und schützen den Organismus vor chronischen Krankheiten, Parasiten, Viren und vor schädlichen Bakterien. Während rohes, unerhitztes Sauerkraut voller lebendiger Mikroorganismen ist, enthält pasteurisiertes Sauerkraut zwar noch Milchsäure – das Stoffwechselprodukt der Milchsäurebakterien – aber keine lebendigen Milchsäurebakterien mehr. réf: www.zentrum-der-gesundheit.de Wir empfehlen weitere Informationen im Internet zu lesen sowie Ihren Arzt zu befragen. (Redaktion Club Senior) La choucroute est excellente pour la santé. Elle est ce qu'on appelle un légume lacto-fermenté. Elle est riche en vitamines, ainsi qu'en minéraux. Elle agit favorablement sur la flore intestinale, qu’elle contribue à régénérer par un apport en probiotiques. Elle permet de renforcer les défenses immunitaires, d'équilibrer la flore intestinale, de réguler le transit intestinal et de lutter contre la fatigue. réf : www.passionsante.be Nous vous recommandons de consulter l’internet pour plus d’informations ainsi que votre médecin. (rédaction Club Senior)[ kuckt och eisen Atelier Säit 32 - Voir aussi atelier page 32 25
Cohabit’Age Konferenz - Conférence: Intergenerationellt Zesummeliewen Cohabit’Age ass eng Associatioun fir d’Zesummeliewen tëschent de Generatiounen ze fërderen. D’Virdeeler si kloer : Nierft engem klenge Loyer als Recette, kënne déi eeler Leit, déi sech da net méi eleng fillen, och nach eng Hand mat ugepak kréie bei de Kommissiounen oder am Haushalt. Déi Jonk kënnen hirem Studium oder hirer Aarbecht an hiren Hobby’ë nogoen, fir en niddregen Loyer wunnen an och mol Zäit mat hiren eelere Matbewunner/inne verbréngen. Wann dës Iddi Iech gefällt, da kommt Iech informéieren op eis Konferenz. Qu’est-ce-que le COHABIT’AGE ? C’est une association qui aide les personnes âgées à trouver des jeunes qui souhaitent vivre avec eux en cohabitation. Les avantages sont simples: D’un côté la personne âgée n’a plus à s’inquiéter de la solitude ainsi que de certaines tâches domestiques et en plus de cela perçoit un petit loyer. De l’autre côté, le jeune locataire peut, à côté de ses études ou de son travail et ses loisirs, passer du temps et au besoin aider son cohabitant âgé, et ainsi profiter d’un loyer peu élevé. Si ce partenariat vous intéresse, venez-vous informer lors de cette conférence. La conférence sera en luxembourgeois et français. Mëttwoch / Mercredi 06/11/2019 - Umeldeschluss: 05/11/2019 14:30 - Club Senior Präis: gratis 26
27
Ausfluch - Excursion: Völklinger Hütte Pharaonen Gold - L'Or des Pharaons D’Völklinger Hütte, vun der UNESCO als Weltkulturierfschaft klasséiert, bitt eng nei Ausstellung un iwwert d’Gold vun den Pharaoen. Iwwer 150 aussergewéinlech Meeschterwierker aus dem Musée vu Kairo sinn hei ausgestallt. Dës Schätz goufen entdeckt an de kinneklechen an fürstleche Griewer vum pharaoneschen Egypten. Se zielen vun enger 3000 Joer-Period an där dem Gold eng besonnesch reliéis a symbolesch Kraaft fir d’Eiwegkeet zougeuerdent gouf. Mir hunn, zesumme mam Club Senior „Mosaïque“ vun Esch- Uelzecht, eng Visitt guidée an däitscher Sprooch, dono gi mer zesummen iessen an den Café-Restaurant „Umwalzer“. Dir kënnt och d’Ausstellung besichtegen - ouni Visitt (-10€). 28
La Völklinger Hütte, site industriel classé au patrimoine de l’humanité par l’UNESCO, accueille une nouvelle exposition prestigieuse. L'OR DES PHARAONS réunit plus de 150 chefs-d'œuvre du musée du Caire et présente une série d'ensembles exceptionnels découverts dans les tombes royales et princières de l'Egypte pharaonique. Ces trésors retracent une période de plus de 3 000 ans et nous prouvent que les égyptiens de l’époque attribuaient à l’or un pouvoir religieux et symbolique tout particulier, celui de l’éternité. Nous avons, ensemble avec le Club Senior „Mosaïque » d’Esch-sur- Alzette, une visite guidée en langue allemande. Vous pouvez également voir l’exposition sans la visite guidée (- 10€). Après cela nous déjeunerons ensemble au café-restaurant «Um Walzer». Freides / Vendredi 08/11/2019 - Umeldeschluss: 04/11/2019 08:00 - Esch / Gare - Quai 1 08:20 - Dud. - Parking Käler Stroos - Arrêt «Scherrwee» 08:25 - Dudelange - Club Senior «Schwaarze Wee» Präis: Member 55€ - Net Member 57€ Bus – Begleedung – Entrée – Visitt guidée 29
30
Meindes / Lundi 11/11/2019 - Umeldeschluss: 06/11/2019 Minibus: 5€ 31
Atelier: Sauerkraut selwer maachen Choucroute faite maison Sauerkraut entsteht durch Fermentation von Weisskohl mit Hilfe von Milchsäurebakterien. Die Milchsäurebakterien befinden sich bereits auf dem frischen Kohl und beginnen dann, wenn die Bedingungen es erlauben (warme Temperaturen, Sauerstoffabschluss, flüssiges Milieu) mit der Verarbeitung des Kohls zu Sauerkraut. Réf: www.zentrum-der-gesundheit.de Hu Dir schonn emol Sauerkraut selwer gemaach? Zesumme mat eiser Kräiderfra Monique Meyer huele mir enetlech Kabeskäpp a verschaffe si, fir se schlussendlech an d’Sauerkrautdëppen ze stampfen. Virun der Chrëschtvakanz ass eist hausmaacher Sauerkraut dann fäerdeg an Dir kënnt Iech Ären Deel ofhuele komme fir iwwert Feierdeeg ze kachen. Ensemble avec notre spécialiste Monique Meyer, nous fabriquons nous-même notre choucroute à partir de choux blancs frais. Venez tenter l’aventure et récoltez votre part de choucroute avant les vacances de Noël pour cuisiner une bonne choucroute faite maison pour les fêtes. Meindes / Lundi 11/11/2019 - Umeldeschluss: 30/10/2019 10:00 - Club Senior Prais: 15€ - Atelier an 2 Portioune Sauerkraut Eenzel Portioun Sauerkraut: 3€ (am Viraus bestelle weg) Minibus: 3€ 32
Ausfluch - Excursion: Royal Palace zu Kirrwiller Zesummen mam Club Senior « Sauerwisen » vu Rëmeleng, fuere mir mam grousse Bus op Kirrwiller an den « Royal Palace ». Nodeems mer am Restaurant « Le Majestic » en 3-Gang- Menü zou eis geholl hunn, kucke mir eis hire neie Programm « Tempo » un. Ensemble avec le Club Senior «Sauerwisen» de Rumelange, nous allons nous rendre à Kirrwiller au «Royal Palace». Après le déjeuner au restaurant «le Majestic», nous allons admirer le nouveau spectacle «TEMPO». Mëttwochs / Mercredi 13/11/2019 - Umeldeschluss: 06/11/2019 08:20 - Rumelange - 2, place Grande-Duchesse Charlotte 08:35 - Kayl - Cité am Brill 08:50 - Dud. - Parking Käler Stroos - Arrêt «Scherrwee» 08:55 - Dudelange - Club Senior «Schwaarze Wee» Präis: Member: 99€ - Net Member: 101€ Bus - Begleedung - 3-Gang Menü - Show 33
Theater Matinée fir Senioren De „Cercle Dramatique Rodange“ invitéiert eis op hir Theater- Matinée am Centre Culturel zu Rodange. Mir schléissen eis den «Amis de la fleur» vun Diddeleng un fir dëst flott Theaterstéck kucken ze fueren. An der Paus huet den Theatergrupp eng gemittlech Kaffisstuff ageriicht, wou mir e Kaffi drénken an e gutt Stéck Taart iessen. Matinée de Théâtre en langue luxembourgeoise en collaboration avec les Amis de la fleur. Donneschdes / Jeudi 14/11/2019 Umeldeschluss: 08/11/2019 am Club Senior 13:30 - Centre Hild Prais: 25€ Bus - Begleedung - Entrée - Kaffi a Kuch Ausfluch: Marie-Astrid 09/08/2019 34
35
Film-Nomëtteg - Après-midi de film De Ramon François weist eis d‘Filmer déi hien gedréit huet op den Ausflich vun Bitburg (Skulpturenpark an Bitburger Stausee) a vu Maastricht. Ramon François nous présente ses films des excursions à Bitburg et à Maastricht. Meindes / Lundi 18/11/2019 – Umeldeschluss: 15/11/2019 15:00 - Club Senior Keele spillen - Jeu de quilles Mir sinn all keng Profien, just d‘Klatze solle rullen, de Kullang gebotzt ginn an natierlech soll och vill gelaacht ginn. Fir dass mer gutt gestäerkt sinn, kréie mir do virdru gutt z'iessen. Nous ne sommes pas des professionnels mais nous faisons rouler les boules de quilles de plus belle et, comme il nous faudra des forces, nous déjeunerons avant notre exploit sportif. Mëttwochs / Mercredi 20/11/2019 – Umeldeschluss: 15/11/2019 08/01/2020 – Umeldeschluss: 20/12/2019 11:30 - Club Senior 11:45 - Café Medya - 7, rue Pasteur (Pullewee) Dudelange Prais: 4€ Begleedung Minibus: 3€ 36
Beaujolais Fest Fête du Beaujolais Kommt schmaacht de „Beaujolais Nouveau“ mat guddem Kéis vun eisem Buffet Venez déguster le „Beaujolais Nouveau“ avec buffet de fromage Mat Live-Musek vun „Blue Night“ Live musique avec „Blue Night“ Freides / Vendredi 22/11/2019 - Umeldeschluss: 18/11/2019 16:00 - Club Senior Präis: 20€ - Kéisbuffet / buffet de fromage à volonté 1 Patt Beaujolais / 1 verre de Beaujolais 37
Lidder-Nomëtteg Après-midi de chansons D’Madamm Annie Saulier séngt mat Iech an begleet Iech och um Piano an wéi ëmmer ass den Herr Johny Thiel op der Mandolinn dobäi. An eiser Cafeteria zerwéiere mir Iech gutt hausmaacher Eisekuchen a Gedrénks. Dës Kéier invitéieren mir och erëm d’Sänger vun dem Gesangsgrupp vum Déifferdenger Club Senior « Prënzebierg » an vum Sangtreff vum Rëmelenger Club Senior «Sauerwisen» op eisen Liddernomëtteg op Diddeleng. Venez passer un joyeux après-midi de chansons chez nous au Club Senior et dégustez nos gaufres faites maison. Annie Saulier chantera avec vous et vous accompagnera au Piano et Johny Thiel nous rejoindra avec sa Mandoline. Meindes / Lundi 25/11/2019 - Umeldeschluss 22/11/2019 15:00 - Club Senior Minibus: 3€ 38
Atelier: Kichelcher fir Feierdeeg Biscuits pour les fêtes A wann Dir gären an der Advents-Zäit fir är Léifsten extra gutt Kichelcher baakt, déi och nach schéi fir d’Aen sinn, da kommt an dëse flotte Bakcours vun 2 Seancen. Eist Patricia Meyer, weist Iech professionell Tricken a Kniffen. Avis aux amoureux de la pâtisserie, le CS vous propose un cours de deux séances où on vous apprend à façonner des biscuits pour les fêtes. Patricia Meyer vous montrera ses trucs et astuces pour bien les réussir. Dënschdes / Mardi + Freides / Vendredi 26/11/2019 + 29/11/2019 Umeldeschluss: 20/11/2019 09:00 - Club Senior Prais: 15€ - pour 2 séances Minibus: 3€ Shopping: Belle Etoile Bertrange Fir d‘Feierdeeg hu Dir bestëmmt nach déi eng oder aaner Extra- Commissioun ze maachen. Dofir kommt mat mam Minibus, mir fueren an d‘Belle Etoile. Mëttes gi mir zesummen an e Restaurant op der Plaz iessen. Il vous reste sûrement des courses spéciales à faire pour les fêtes de fin d’année. Nous nous rendons en minibus au Centre Commercial “Belle Etoile” ou nous prenons le repas de midi dans un restaurant sur place. Mëttwochs / Mercredi 27/11/2019 - Umeldeschluss: 25/11/2019 10:30 - Club Senior Präis: 15€ - Begleedung - Minibus 39
Atelier: Adventsdeko Décoration de noel Dësen flotten Atelier riicht sech un all déi Léit déi dëst Joer esou eng schéin Adventsdeko selwer kreéieren wëllen. Mir stellen Iech vill verschidden Dekomaterial an e Choix un Faarwen zur Verfügung. Den Atelier gëtt vun der Mme Sabrina Alfieri geleet. Nous proposons cet atelier créatif pour toutes les personnes aimant créer leur propre décoration d’avent. Tout le matériel de décoration avec un choix de différentes couleurs sera fourni. L’atelier est tenu par Mme Sabrina Alfieri. Mëttwochs / Mercredi 27/11/2019 - Umeldeschluss: 15/11/2019 14:30 - Club Senior Prais: 38€ Atelier an Adventsdeko Benevolen aktiv fir de Club: Dekoratioun: Wanter - Hiver De Wanter an déi besënnlech Feierdeeg sti virun der Dir. Och eise Club Senior soll eng feierlech Atmosphär kréien. Kommt an hëlleft eis als Benevol bei der Dekoratioun vun eise Säll an rëscht mat eis a flotter Ambiance Dëscher, Maueren an de Chrëschtbeemchen. Les fêtes approchent, ambiance de Noël garanti. Rejoignez-nous en tant que bénévole pour décorer nos salles et notre arbre de noël. Meindes / Lundi 02/12/2019 Umeldeschluss: 29/11/2019 14:30 - Club Senior Minibus: 3€ 40
Wanterfest Fête d’Hiver Kommt op eist Wanterfest a verbréngt e flotten Nomëtteg mat musikaleschem Animatiounsprogramm vum Rol Girres. Gutt Stëmmung ass garantéiert. Venez à notre fête d’hiver et profitez d’un programme d’animation musicale avec Rol Girres. Schmaacht eis hausgemaache Stollen - Bûche - Äppelstrudelen a Glühwäin Dégustez nos Rol Girres gâteau de Noël - bûche - feuilleté de pomme ainsi que notre vin chaud, tout fait maison. Stand vum: Drëtt-Welt Buttek Diddeleng Boutique du Monde Dudelange mat eiser Benevole: Mme Anita Haas Mëttwochs / Mercredi 04/12/2019 - Umeldeschluss: 27/11/2019 14:00 - Club Senior Minibus: 3€ 41
Atelier: Glace fir d’Feierdeeg Glace pour les fêtes Well mir eis no eisem Chrëschtdag-Fest-Menü alleguer freeën op den Dessert, kennt dëst Joer bei Iech eng Surprise op den Dësch, wou är Famill staunt. Dir leiert bei eisem Patricia eng „Buche glacée“ sou wéi och eng „Omelette norvégienne" virbereeden. Dir wäert är Famill iwwerraschen. Lors de nos repas festifs le moment le plus attendu est l’arrivée du dessert, et pourquoi ne pas déguster en cette fin de repas une « bûche glacée ou une omelette norvégienne ». Venez découvrir comment les préparer avec Patricia Meyer et surprenez votre famille pour les fêtes. Meindes / Lundi 09/12/2019 + 16/12/2019 Umeldeschluss: 04/12/2019 09:00 - Club Senior Prais: 15€ - pour 2 séances Minibus: 3€ 42
Chrëschtmaart an Mëttelaltermaart St. Wendel Marché de Noël et du Moyen Âge à St. Wendel Zesummen mam Club Haus an de Sauerwisen vu Rëmeleng fuere mir mat engem grousse Bus op St. Wendel op de Chrëscht- a Mëttelaltersmaart. Kommt a verbréngt mat eis e flotten Dag, och fir vläicht nach e puer flott Cadeaue fir d’Feierdeeg ze kafen. Mëttes gi mir zesummen an de Restaurant „Le Journal“ iessen. Sot eis w.e.g bei der Umeldung Bescheed ob Dir mat eis iesst. (d’Iessen ass am Präis net mat abegraff). Nous partons en grand bus à St. Wendel où nous nous promenons au marché de Noël et du Moyen Âge. Á midi nous déjeunerons au restaurant «Le Journal», veuillez nous informer si vous voulez participer au repas, qui n’est pas inclus dans le prix. Freides / Vendredi 13/12/2019 - Umeldeschluss: 06/12/2019 09:05 - Rumelange - 2, place Grande-Duchesse Charlotte 09:20 - Kayl - Cité am Brill 09:35 - Dud. - Parking Käler Stroos - Arrêt «Scherrwee» 09:45 - Dudelange - Club Senior «Schwaarze Wee» Präis: Member: 32€ - Net Member: 34€ Bus - Begleedung 43
Mëttesdësch - Repas de midi Virun de Fester, bidde mir Iech des Kéier am Dezember e liichte Menü un. Den "Bacalhao à Bràs" ass eng portugiesesch Spezialitéit déi net schwéier ass: si ass weder schwéier ze preparéieren, nach leit dëse Plat iech um Mo. Dëse Fësch ass entsalzt, an huet keng Sprenzen, dofir ass de Bacalhao immens beléift. Avant les grandes fêtes, voici un plat découverte. Le « Bacalhao à Bràs » est un plat léger à base de poisson. Dessalé, effilé et désarêté les amateurs de poisson vont adorer cette recette. Oser vous inscrire, vous allez aimer. Bacalhao mat engem Dessert dono un dessert vous sera servi après le repas Mëttwochs / Mercredi 18/12/2019 - Umeldeschluss 11/12/2019 11:30 - Club Senior Präis: 15€ Minibus: 3€ 44
Chrëscht-Nomëttes-Uucht Après-midi convivial de Noël Mir sangen zesummen bekannte Chrëschtlidder ënnert der musikalescher Leedung vun der Mme Claudine Menghi op der Guitar a begleet vum Här Johny Thiel op der Mandolinn. Wann Dir wëllt, kënt Dir zwëschenduerch entweder är eegen oder Iech bekannten, besënnlech Texter, passend zur Chrëscht- a Wanterzäit virliesen. Kommt matsangen, liesen a nolauschteren, a verbréngt zesumme mat eis e flotten Nomëtteg. Nous chanterons des chants de Noël sous la direction musicale de Mme Claudine Menghi à la guitare et accompagné par M. Johny Thiel à la mandoline. Si le cœur vous en dit, vous êtes les bienvenus pour réciter votre texte de Noël ou hivernal. Venez chanter, réciter ou écouter et passez un Claudine Menghi après-midi agréable au Club Senior. Mëttwochs / Mercredi 18/12/2019 - Umeldeschluss 11/12/2019 14:30 - Club Senior Minibus: 3€ 45
Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2020 wënschen Iech de Conseil d’Administration, d’Personal an d’Benevolen vum Club Senior «Schwaarze Wee» Le Conseil d’Administration, l’équipe du personnel et les bénévoles Eise Club Senior «Schwaarze Wee» ass zou vu Samschdes, de 21. Dezember 2019 bis Sonndes, den 5. Januar 2020 inclus. Le Club Senior «Schwaarze Wee» reste fermé du samedi, 21 décembre 2019 au dimanche, 5 janvier 2020 inclus. 46
Neijoerspatt - Pot de Nouvel An D’ Personal vum Club Senior invitéiert Iech ganz häerzlech fir mat eis op d’ neit Joer un ze stoussen. L’équipe du personnel du Club Senior vous invite chaleureusement à notre pot du Nouvel An Mëttwochs / Mercredi 15/01/2020 15:00 - Club Senior Minibus: 3€ Porte Ouverte Amiperas Dënschdes ëm 14:00 Auer am Diddelenger Haus fir Senioren 47
Intervallfasten Info - Jeûne intermittent Intermittierendes Fasten (lateinisch intermittere „unterbrechen“, „aussetzen“), Intervallfasten oder Kurzzeitfasten ist die Bezeichnung für eine Ernährungsform, bei der ständig, in einem bestimmten Rhythmus, zwischen Zeiten der normalen Nahrungsaufnahme und des Fastens gewechselt wird. Eine Version des Intervallfastens besteht darin, dass sich der Wechsel zwischen Fasten- und Nahrungsaufnahmeperioden innerhalb eines Tages vollzieht. Häufig angewandt wird die 16:8- Methode. Dabei beginnt erst nach einer 16-stündigen Nahrungskarenzzeit eine 8-stündige Phase der Nahrungsaufnahme. Unter Miteinbeziehung der Nachtruhe und dem Ausfall des Frühstücks oder des Abendessens lässt sich dieses Verfahren ohne größere Umstellungen in den Alltagsablauf integrieren, da die Ernährung nicht umgestellt werden muss. Während des Fastenblocks ist Wasser und ungesüßter Tee oder Kaffee erlaubt. (réf: wikipedia.de) Wir empfehlen den kompletten Artikel auf wikipedia.de zu lesen sowie Ihren Arzt zu befragen. (Redaktion Club Senior) Le jeûne intermittent (intermittent fasting en anglais) est un terme recouvrant une famille de régimes alimentaires consistant à alterner des périodes de jeûne et des périodes d'alimentation normale. L'alimentation en temps restreint (time-restricted feeding) autorise l'alimentation pendant une fenêtre de temps restreinte chaque jour. [] Une forme commune consiste à jeûner pendant 16h chaque jour et ne manger que pendant les 8h restantes. À titre d'exemple : sauter le petit déjeuner et commencer à manger à midi si votre dernier repas de la veille se situe à 20h correspond à un cycle de jeûne de 16 heures. (réf: wikipedia.fr) Nous vous recommandons de consulter l’article complet sur wikipedia.fr ainsi que votre médecin. (rédaction Club Senior) 48
Benevolen aktiv fir de Club: Virbereedung an Ausdeelen Préparation et distribution Rendez-vous des bénévoles Donneschdes / Jeudi 16/01/2020 09:00 - Club Senior Mëttesdësch - Repas de midi Gnocchi mat engem Dessert dono Un dessert vous sera servi après le repas Kommt an genéisst der Mme Elodia Spina hir hausmaacher Gnocchi mat Bolognaise-Zooss. Venez apprécier les Gnocchi avec sauce Bolognaise fait maison par Mme Elodia Spina. Mëttwochs / Mercredi 22/01/2020 Umeldeschluss 15/01/2020 11:30 - Club Senior Präis: 15€ Minibus: 3€ 49
Atelier: Bijouen An dësem Atelier kennt Dir ärer Phantasie freie Laf loossen. Egal op Ketten, Bracelet oder Ouerréng, zaubert är Kreatioune selwer. Mir stellen Iech vill verschidde Steng a Pärelen ewéi Lava, Lotus oder och Amethysten zur Verfügung. Äre Schmuck kennt Dir selbstverständlech dono mat Heem huelen. Den Atelier gëtt vun der Mme Sabrina Alfieri geleet. Dans cet atelier vous pouvez être créatifs sans limites, peu importe collier, bracelet ou boucles d’oreilles, vous pouvez créer vos propres bijoux. Nous fournissons des pierres et des perles de qualité comme par exemple la lava, l’améthyste ou le lotus. Vous pouvez bien sûr emporter votre bijou à la fin de l’atelier. L’atelier est organisé par Mme Sabrina Alfieri. Mëttwochs / Mercredi 29/01/2020 - Umeldeschluss: 15/01/2020 14:30 - Club Senior Prais: Tëschent 12 a 35€ jee no Bijou Entre 12 et 35€ selon le bijou 50
Gediechtnes Training 04/10/2019 11/10/2019 Entrainement mental 18/10/2019 Mat der Mme Eleonore Hein-Becker 25/10/2019 08/11/2019 15/11/2019 29/11/2019 06/12/2019 13/12/2019 20/12/2019 Freides / Vendredi 10/01/2020 15:00 - Club Senior 17/01/2020 Präis: 3€ 02/10/2019 Rhythmesch Handübungen 09/10/2019 Les mains rythmiques 16/10/2019 Mat der Mme Renée Bisdorff 23/10/2019 30/10/2019 06/11/2019 13/11/2019 20/11/2019 27/11/2019 04/12/2019 11/12/2019 Cours débutants Cours avancés 18/12/2019 Mëttwochs / Mercredi Mëttwochs / Mercredi 09:15 - Club Senior 10:00 - Club Senior 08/01/2020 Präis: 3€ 15/01/2020 51
De Spadséiergang vum Mount Randonnée du mois An Zesummenaarbecht mat der ALASS-Alcad Déi nächst Spadséiergäng: 10/10/2019 Rodange 14/11/2019 Monnerech 12/12/2019 Diddeleng 09/01/2020 Stroossen Les prochaines randonnées: 10/10/2019 Rodange 14/11/2019 Mondercange 12/12/2019 Dudelange 09/01/2020 Strassen Donneschdes / Jeudi 09:00 - Parking beim ale Kierfecht Präis: 5€ Minibus + privat Autoen Fitness - Walking Méindes + Freides - Lundi + Vendredi 09:00 - Parking Gehaansbierg Mat den Hären François Kolb an André Herrmann vum ALASS-ALCAD 04/10/2019 01/11/2019 02/12/2019 03/01/2020 07/10/2019 04/11/2019 06/12/2019 06/01/2020 11/10/2019 08/11/2019 09/12/2019 10/01/2020 14/10/2019 11/11/2019 13/12/2019 13/01/2020 18/10/2019 15/11/2019 16/12/2019 17/01/2020 21/10/2019 18/11/2019 20/12/2019 25/10/2019 22/11/2019 23/12/2019 28/10/2019 25/11/2019 27/12/2019 29/11/2019 30/12/2019 52
Mémoire collective 4W– Wien kennt wien oder wat, wou a wéini? mam Här Jean Engel Méindes / Lundi 15:30 - Club Senior 07/10/2019 04/11/2019 02/12/2019 06/01/2020 Philosophiekrees 03/10/2019 05/12/2019 17/10/2019 19/12/2019 Donneschdes / Jeudi 07/11/2019 09/01/2020 09:30 - Club Senior 21/11/2019 53
Danz-Treff Mat der Mme Ilona Pelletier 04/10/2019 Freides / Vendredi 11/10/2019 16:00 - Club Senior 25/10/2019 Präis: 3€ 08/11/2019 15/11/2019 29/11/2019 06/12/2019 13/12/2019 20/12/2019 10/01/2020 17/01/2020 Gym Douce Mat den Dammen Gigi Holstein oder Sylvie Bolen Méindes / Lundi 10:00 - Club Senior Präis: 3€ 07/10/2019 04/11/2019 02/12/2019 06/01/2020 14/10/2019 11/11/2019 09/12/2019 13/01/2020 21/10/2019 18/11/2019 16/12/2019 28/10/2019 54
03/10/2019 Aqua Gym 10/10/2019 17/10/2019 Mam Här Frank Romani 24/10/2019 Donneschdes / Jeudi 07/11/2019 14:15 - Centre sportif René Hartmann 14/11/2019 Präis: 3€ 21/11/2019 28/11/2019 05/12/2019 12/12/2019 19/12/2019 09/01/2020 16/01/2020 Zumba Gold Mat der Mme Carole Resslinger 07/10/2019 14/10/2019 Méindes / Lundi 21/10/2019 14:00 - Club Senior Präis : 3€ 04/11/2019 11/11/2019 18/11/2019 25/11/2019 02/12/2019 09/12/2019 16/12/2019 06/01/2020 13/01/2020 55
Tai-Chi Mam Här Léon Rinaldetti Méindes / Lundi 18:30 Centre sportif René Hartmann Präis: 3€ 07/10/2019 04/11/2019 02/12/2019 06/01/2020 14/10/2019 11/11/2019 09/12/2019 13/01/2020 21/10/2019 18/11/2019 16/12/2019 28/10/2019 25/11/2019 23/12/2019 30/12/2019 Seniore-Yoga Mat der Mme Rosanna Heinen-Pacchioli Dënschdes / Mardi 09:30 - Club Senior Präis: 3€ 01/10/2019 05/11/2019 03/12/2019 07/01/2020 08/10/2019 12/11/2019 10/12/2019 14/01/2020 15/10/2019 19/11/2019 17/12/2019 22/10/2019 26/11/2019 56
Konscht-Treff Rendez-vous des artistes Mat der Mme Christiane Weiland-Keup 02/10/2019 Mëttwochs / Mercredi 09/10/2019 14:30 - Club Senior: 30/10/2019 Präis: 3€ 06/11/2019 13/11/2019 20/11/2019 27/11/2019 11/12/2019 18/12/2019 08/01/2020 Pétanque Méindes / Lundi 15:00 - Boulodrome 14/10/2019 28/10/2019 11/11/2019 25/11/2019 09/12/2019 23/12/2019 13/01/2020 57
De Programm Demenz Präventioun Jidderee gëtt méi al. An net seelen hutt Dir d'Gefill méi ze vergiessen. Dat kann zu engem Grad normal sinn. Awer wann een méi vergiesserlech gëtt, fänkt een un sech Suergen ze maachen. Ginn ech dement? Sinn ech et villäicht schonn? A wat kann ech géint d’Vergiessen maachen? Wann Dir och no Äntwerten op dës Froen sicht, schwätzt mat Ärem Dokter iwwer pdp - de Programm Demenz Präventioun zu Lëtzebuerg. Hien kann Iech un den pdp weiderleeden. De Programm Demenz Präventioun huet als Ziel all Formen vun Demenzen ze prevenéieren oder ob mannst ze verzögeren. D‘Participatioun um pdp ass natierlech gratis. Méi Informatiounen zu pdp fannt Dir ënnert: Telefon (+352) 247-75600 ; info@demenz.lu; www.demenz.lu pdp schafft zesummen mat villen lokalen Partner, esou wéi den Club Senior „Schwaarze Wee“. 58
Le programme démence prévention En vieillissant, oublier davantage peut être normal. Pour autant, beaucoup d’inquiétudes émergent lorsque les oublis s’accentuent et que les facultés mentales diminuent au-delà des seuils normaux: Est-ce que je deviens dément? Le suis-je déjà? Que puis-je faire contre l’oubli? Si vous aussi vous cherchez des réponses à ces questions, parlez à votre médecin. Il peut vous rediriger vers le programme démence prévention – pdp – au Luxembourg. Le pdp a pour but de prévenir une démence naissante ou du moins de la retarder et souhaite montrer de nouvelles façons de rester en forme mentalement. La participation au programme et les mesures de prévention sont bien entendues gratuites. Si vous désiriez des renseignements supplémentaires, n’hésitez pas à contacter le pdp Téléphone (+352) 247-75600 ; info@demence.lu; www.demence.lu pdp travaille avec de nombreux partenaires locaux, dont le Club Senior «Schwaarze Wee». 59
Concert: Rhummer Gospel - Echternach "Rhummer Gospel", dat ass di aussergewéinlech Geschicht vun 30 Senioren déi am Servior-Haus „op der Rhum“ wunnen an di selwecht Leidenschaft fir Gospel Gesang deelen. Am Joer 2015 huet den Ensembel „Rhummer Gospel“ hir éischt Tournée gestart an hiren Erfolleg huet net laang op sech waarde gelooss. Dëst Joer sangen se am Trifolion zu Iechternach. Éier mer se lauschtere ginn, gi mer an de Restaurant en 3 Gang Menu iessen. Mellt Iech un, et ass wierklech sehenswert! L’histoire extraordinaire d’une trentaine d’habitants du Servior „op der Rhum“ qui se sont découvert la même passion: le chant Gospel. C’est depuis 2015 qu’ils osent leur premières tournées et le succès ne se fait pas attendre. Rejoignez-nous pour ce concert au Trifolion à Echternach, le déjeuner à 3 services sera pris ensemble avant l’événement. Samsdes / Samedi 23/11/2019 - Umeldeschluss: 15/11/2019 10:20 - Dud. - Parking Käler Stroos - Arrêt «Scherrwee» 10:25 - Dudelange - Rue de l’Etang-Arrêt «Gare Quai 5» 10:30 - Dudelange - Club Senior «Schwaarze Wee» Präis: Member: 74€ - Net Member: 76€ Bus - Begleedung - 3 Gang-Menu - Entrée Concert 60
Vous pouvez aussi lire